
„Mat iech!“ ass den Numm vun eiser Biergerlëscht, déi sech dëst Joer de Gemengewalen zu Esch-Sauer stellt. Eise Programm enthält vill nei Iddien an Impulser a bleift an der Kontinuitéit vun de Projeten, déi säit 2017 ëmgesat a wärend de leschte 6 Joer weiderentwéckelt gi sinn.
Mir sinn der Iwwerzeegung, datt hautdesdaags d’Gemengepolitik nëmme gelénge kann, wann ee se zesumme mat de Leit mécht. Mir gleewen drun, datt d’Gemeng Esch-Sauer vum Knowhow vun all hire Biergerinnen a Bierger profitéiere kann, dëst an de verschiddene Beräicher, déi mir an eisem Programm fir déi nächst 6 Joer virgesinn hunn.
Wann dir eng motivéiert a breet opgestallten Ekipp vun engagéierte Fraen a Männer ënnerstëtze wëllt, da wielt den 11. Juni „Mat iech!“. Mir wäerten eis Erfarungen a Kompetenze fir d’Gemeng Esch-Sauer an hir Leit asetzen.