Eise Walprogramm fir iech!

Integratioun
>Zu enger integratiounsorientéierter Gemeng gehéiert d’Schafe vun Infrastrukturen, an deenen déi verschidden Awunner:innen aus eiser Gemeng Informatiounen austauschen, sech kenne léieren an ee gesellege Moment zesumme verbrénge kënnen.
Zu eisen Iddie gehéiert, d’Broschür „Liewen an der Gemeng Esch-Sauer“ weiderhin ze aktualiséieren, en „Welcome Day“ fir déi nei Bierger:innen an d’Liewen ze ruffen an d’ „Kulturefest“ wéi och d’Nopeschfester weiderhin ze organiséieren. Duerch dës Moossnamen erhoffe mir eis, datt all Mënsch, deen hei wunnt, sech verstäerkt mat eiser Géigend identifizéiere kann.
Op Basis vun deene gesammelten Erfarungen aus deene leschte Joren erschéngt et eis noutwendeg, fir d’Beräicher „Kommunikatioun“ an „Integratioun“ duerch zwou separat Kommissiounen ofzedecken.
Senioren a Persoune mat Aschränkungen
Mir wëllen eelere Leit den Zougang zu Basis-Servicer garantéieren an erliichteren. Dofir wäerte mir och an Zukunft déi besteeënd Servicer fërderen a wa néideg ausbauen. Kommunal Gebaier, Installatiounen an Trottoire sollen esou wäit wéi méiglech behënnertegerecht ginn.
Eis ass et wichteg, datt besteeënd Fräizäitaktivitéite wa néideg ausgebaut kënne ginn a jiddweree sech permanent ka weiderbilden. Dat erméiglecht all eenzeler Persoun, fir mat der Zäit mat virun ze kommen an hir Erfarungen a Stäerkten iwwerall anzebréngen.
Kanner a Jugendlecher
>Am Kanner- a Jugendberäich wëlle mir villsäiteg Strukturen, Plazen a Projete schafen, déi et eise Jonken erméiglechen, zesummen ze kommen. Si solle beim Plangen an Ëmsetzen aktiv mat abezu ginn.
D’Offer u Studenten- a Stageplaze soll zesumme mat de Betriber aus eiser Gemeng weider ausgebaut ginn. Den Dialog an d’Ënnerstëtzung vum edukative Personal esou wéi den Austausch mat den Eltere sollen am Interessi vun de Kanner ënnerhale ginn.
Familljen- a Veräinsliewen
D’Familljen a Veräiner leeschten eng enorm wichteg Aarbecht bei der Gestaltung vum Zesummeliewen an eiser Gemeng a bestëmmen hir Dynamik. Mir beméien eis ëm e reegelméissegen Austausch mat de Veräiner, fir si esou beschtméiglech an hiren Aktivitéiten ze ënnerstëtzen. Mir suerge virun allem fir eng Vernetzung vu sämtlechen Acteuren am Beräich vun de Kanner- a Jugendaktivitéiten. Den neie Schoul- a Sportkomplex bitt deene besteeënde Veräiner zousätzlech Méiglechkeeten a léisst vill Fräiheeten op fir nei Aktivitéiten a Projeten. Déi nei Salle polyvalente zu Eschduerf, mee och all déi kleng Säll op eisen Dierfer kënne fir Familljefester an aner flott Aktivitéite genotzt ginn.
Mat iech wëlle mir den Zougang zu den Informatioune weider verbesseren an dës kloer kommunizéieren.
Mir wäerten dofir suergen, datt d’Informatiounen esou vermëttelt ginn, datt se bei jiddwerengem ukommen. Mir wëllen eis dofir a méi Sproochen a verständlech matdeelen. Déi verschidden Informatiounskanäl solle weider verbessert an ausgebaut ginn. D’Internetsäit vun eiser Gemeng soll reegelméisseg aktualiséiert ginn. Am Bléck wäerten ënner anerem d’Servicer an d’Bäihëllefe virgestallt ginn, och déi, déi et scho laang gëtt.
Mat iech wëlle mir e reegelméissegen Austausch hunn a mir sichen den direkte Kontakt. Mir wëllen iech nolauschteren an iech ëm är Meenung froen, wéi dir iech d’Zukunft an eiser Gemeng virstellt. Zu eise Propose gehéieren, de Rendez-vous mam Bierger bäizebehalen, d’Grënne vun enger Kommissioun, déi sech ausschliisslech mam Thema „Informatioun a Kommunikatioun“ beschäftegt, d’Organiséiere vu projet- oder theemebezunne Biergerversammlungen an d’Schafe vu Plattformen, iwwer déi jonk an eeler Leit hir Uleiesse kënne matdeelen. Fir eis soll an all Gemengekommissioun op d’mannst ee Member aus dem Gemengerot vertruede sinn. Doduerch soll d’Zesummenaarbecht tëschent dem Gemengerot an de Kommissioune verbessert ginn.
Mat iech wëlle mir d’Mobilitéit an eiser Gemeng esou gestalten, datt d’Sécherheet an d’Liewensqualitéit am Mëttelpunkt stinn.
Mir setzen eis dofir an, datt dat neit Verkéierskonzept erfollegräich ëmgesat gëtt, a froen no äre Suergen a Besoinen, fir déi néideg Verbesserunge vun de Buslinne beim Mobilitéitsministère anzefuerderen.
Et ass eis wichteg, datt eis Duerfkären entschleunegt an doduerch opgewäert ginn. An dësem Kontext setze mir op eng aktiv an duuss Mobilitéit, déi niewent den Autoen an Trakteren de Foussgänger:innen a Vëlosfuerer:innen déi néideg Plaz léisst, fir datt ee gemeinsam genotzten a séchere Stroosseraum kann entstoen. Déi nei Schoul soll och mat engem séchere Vëloswee verbonne ginn, a bei de Bushaisercher an op ëffentleche Plaze sollen, wou et méiglech ass, Vëlosstänneren ubruecht ginn. Am Stroosseverkéier an den Dierfer muss och Rücksicht geholl ginn, datt genuch Plaz bleift, fir mat de landwirtschaftleche Maschinne kënnen ze passéieren.
Zu eise konkreete Propose gehéieren d’Weiderféiere vum KultBus, d’Ausbaue vum Ruffbus-Reseau an eng Ënnerstëtzung vum Covoiturage. D’Besucherlenkung beim Stauséi soll weider optiméiert ginn, an iwwert ee verkéiersberouegt Esch-Sauer a Lëlz am Summer wëlle mir mat iech zesummen nodenken.
Mat iech wëlle mir d’Natur an eiser Gemeng schützen an eis fir eng nohalteg a klimagerecht Energiepolitik asetzen. Mat iech a mat de Bauere wëlle mir déi schéi Kulturlandschaft, déi mir hunn, erhalen.
Mir wëllen d’Zesummenaarbecht mam Naturpark weider stäerken an ausbauen. Am Kader vum Natur- a vum Klimapakt engagéiere mir eis fir eng laangfristeg Ëmstellung op méi ëmweltfrëndlech a nohalteg Energien an Techniken, fir e systematescht Energiespueren a fir en effikassen Héichwaasserschutz, deen an deene kommende Joren a verschiddenen Dierfer vun eiser Gemeng nach méi néideg wäert ginn.
Et läit eis um Häerz, d’Kanner an déi Jonk an eiser Gemeng scho vu Klengem u fir de Naturschutz ze sensibiliséieren a si ënner anerem an d’Begréngung vun hirem neie Schoulcampus mat anzebezéien.
Mir sinn eis den Erausfuerderunge vun der moderner Landwirtschaft bewosst. Dofir wëlle mir de Bauere wéi och de Privatleit bei der Gestaltung vu grénge Beräicher, wéi beim Uplanze vun Hecken oder beim Uleeë vu wëlle Blummesträifen, zur Säit stoen. Mir gesinn et als selbstverständlech un, datt d’Weeër um Flouer an am Bësch mussen an der Rei gehale ginn. Fir d’Biodiversitéit ze fërderen, kënne mir eis virstellen, d’Uleeë vun Hecken oder Bongerte finanziell ze ënnerstëtzen.
Mir setzen op d’Strategie vun der Offallvermeidung, zum Beispill duerch d’Ariichte vun engem Repair Café. Donieft ënnerstëtze mir och sougenannte „Sharing“-Initiativen an der Noperschaft oder am Duerf.
Mat iech a fir iech wëlle mir eng aktiv Wunnengsbaupolitik bedreiwen, am Dialog mat nationale Wunnengsinitiativen a mam Fokus op abordabelem Wunnraum.
Et ass eis wichteg, datt déi jonk Leit aus eiser Gemeng kënnen hei wunne bleiwen a mir an eiser Gemeng Wunnraum schafen, wou Leit vun ënnerschiddlechem Alter an aus ënnerschiddleche soziale Verhältnisser kënnen zesumme liewen. Mir ënnerstëtzen d’Konzept vum intergenerationelle Wunnen awer och aner flächespuerend a gemeinschaftlech Wunnformen.
Mir wëllen nei Projete weiderhin op eng ganzheetlech an nohalteg Aart a Weis plangen, fir sécher ze goen, datt mir d’Gläichgewiicht tëschent dem Wuesstum vun eiser Gemeng an enger héijer Liewensqualitéit halen. Mir huelen eis vir, d’ökologescht Bauen, d’Gestaltung vu Plazen, wou d’Leit sech kënne begéinen, a vu verkéiersberouegte Stroossen ze fërderen.
Eis ass et wichteg, d’Betriber aus eiser Gemeng ze ënnerstëtzen an, wann et em Froe geet, déi d’Geschäftswelt direkt betreffen, mat an den Decisiounsprozess anzebannen. Ënner anerem sti mir hannert engem méiglechen Ausbau vun der „Zone artisanale et commerciale“ zu Heischent, fir datt sech an Zukunft nach weider Betriber hei kënne nidderloossen.
Mat iech wëlle mir am Aklang mat der Natur an den Awunner den Tourismus fërderen.
Mir wëllen hëllefen, dat touristescht Angebot auszebauen, d’Dierfer nach méi schéin ze maachen an de gebauten a kulturelle Patrimoine, wéi d’Buerg vun Esch-Sauer oder de Stauséi, ze valoriséieren. Mir sichen e reegelméissegen Austausch mat eisen zwee Syndicat-d’initiativen, fir zesummen d’Gestaltung vun den touristeschen Infrastrukture wéi och d’Animatiounen an eiser Gemeng ze verbesseren.
Zesumme mat de regionalen a nationalen Acteuren (Naturpark Öewersauer, ORT Éislek, Luxembourg For Tourism) wëlle mir d’Vermaartung vun eiser Gemeng verstäerken a probéieren, d’Touriste méi laang an der Regioun ze halen. Et ass eis dofir wichteg, weiderhi regional Fester a kulturell Manifestatiounen ze ënnerstëtzen, souwuel fir d’Awunner wéi och fir d’Touristen.
Mir wäerte weider probéieren, déi sëlleg staatlech Instanzen un een Dësch ze kréien, fir mat hinnen „d‘Stauséi-Touristen“ sou ze sensibiliséieren, datt si d’Natur am Drénkwaasserschutzgebitt respektéieren. Fir iech an d’Touriste wëlle mir d’Parkleitsystemer ausbauen an d’Stauséi-Navette verbesseren.