Een Informatiounsowend fir iech!

Ein Foto mit der kompletten Mannschaft der "Mat Iech" Bürgerliste. Auf einer Bank und um eine Bank herum sitzen und stehen 4 Frauen und 7 Männer.

Mir lueden iech häerzlech zu engem Informatiounsowend vun eiser Biergerlëscht an, wou mir iech eise Walprogramm wëlle méi no bréngen.

Mir hunn als Ekipp scho vill Zäit an Aarbecht an d’Ausschaffe vun eisen Iddien investéiert a mir wëllen zu dësem Moment mat iech an d’Gespréich komme fir d’Bierger:innen aus eiser Gemeng besser kennen ze léieren an äre Feedback zu eisen Ziler zur Kenntnis ze huelen.

Eisen Informatiounsowend ass mëttwochs, de 17. Mee 2023 um 20:00 Auer zu Lëlz an der Sportshal. Mir géifen eis freeën, fir iech deen Owend begréissen ze dierfen.