Hobbyen & Engagementer
An der Gemeng als Heischter Jong opgewuess, fillen ech mech als komplett integréierte Bierger. Natierlech wäert ech d’Hierkonft vu mengen Elteren net vergiessen.
Schonn als jonke Mënsch hunn ech mech sozial wéi och kulturell engagéiert. Ech si bis haut iwwerall gär derbäi an hunn do, wou et verlaangt gouf, Éiergäiz gewisen.
Als Moniteur des jeunes pompiers an als Familljepapp vun zwee klenge Kanner weess ech och, datt déi ganz jonk Bierger Bedierfnesser hunn. Och hei probéieren ech, mech ze engagéieren an e gutt Virbild ze sinn.
Firwat ginn ech mat an d’Walen?
Ech hat d’Geleeënheet, wärend 6 Joer als jéngste Schäffen- a Gemengerotsmember mat erfuerenen a motivéierte Politiker däerfen ze schaffen. Leider ass d’Zäit esou séier vergaangen, datt net all déi Saachen ofgeschloss konnte ginn, déi lassgekappt goufen.
Gär géif ech weider hëllefen, dës Projeten auszebauen an ofzeschléissen.
Gär géif ech mech weider fir d’Wuel vum Bierger asetzen an deem seng alldeeglech Problemer probéieren ze léisen.
Gär géif ech weider hëllefen, eis Infrastrukturen ze verbesseren.
D’Wëssen, d’Erfarung an d’Kënnen, déi ech mir ugeschaaft hunn, wëll ech dofir richteg mat iech asetzen.